Skip to main content

Campus Kinneksbond 'Primaire'

18, um Kinneksbond
8210 Mamer
Luxembourg

Calculer itinéraire

Aféierung an d’Fotografie an den Dronefluch

Dëse Cours riicht sech un all déi Leit, déi mam Gedanke spillen sech een digitale Fotoapparat (DSLR oder DSLM) zouzeleeën a sech froe wat eigentlech d’Virdeeler dovunner z.B. par rapport zu enger Handyskamera sinn. Dëst kënnen och Leit sinn, déi schonn eng digital Kamera hunn, an déi dës net méi wëllen einfach just am Automatikmodus benotzen. Mir kucke wéi eng verschidde Kamerasystemer et ginn a fir wat oder wien se eventuell am Beschte gëeegent sinn. Da kucke mer wat et mam Beliichtungsdräieck (Korrelatioun tëscht Blend, ISO a Beliichtungszäit) op sech huet a wat fir verschidde Méiglechkeeten et ginn, d’Beliichtung soss nach manuell ze beaflossen (Luuchten oder Blëtz). Des Weidere gesi mer nach wat ee muss maachen, wëssen a kënnen, fir eng Kameradron (ënner 250 g) op eng legal Art a Weis, wéi a wou ze benotzen.
Déi Leit déi ee Fotoapparat hunn, kënnen dëse gäre mat an de Cours bréngen. Dëse Cours wäert aus Vereinfachungs- an Zäitgrënn och nëmmen op enger Sprooch
(Lëtzebuergesch) gehale ginn, d.h. dass d’Participanten der lëtzebuergescher Sprooch (gutt) musse mächteg sinn…!

Participants

Minimum: 5 | Maximum: 15
Place(s) disponible(s): 10
À partir de 16 ans

Catégorie

Créativité

Frais d'inscriptions

Moins de 18 ans
40,00 EUR
Moins de 26 ans
60,00 EUR
À partir de 26 ans
80,00 EUR

Les dates de l'activité

16.04 - 21.05.2024 (Mardi 19:00-21:00)
16.04 - 21.05.2024 (Jeudi 19:00-21:00)


Retour vers les activités