Familljenausfluch an den Déierepark Sainte-Croix (F)
Sonndes, de 26. Abrëll 2026, organiséieren de Schäfferot an d’Kommissioun fir Famill an Drëtten Alter en Ausfluch fir d’ganz Famill an den Déierepark Sainte-Croix zu Rhodes (F).
Op 130 Hektar kann een hei ronn 1.500 Wëlldéieren an hirem natierlechen Ëmfeld erliewen.
Depart: 7.30 Auer um Kiss&Go Kinneksbond zu Mamer.
Präis fir den Ausflug mat Iessen (ouni Gedrénks) pro Persoun: 35€ (Erwuessener), 25€ (Kanner bis 11 Joer).
Menü: Paupiettes de volailles fermières mat Tomatenzooss a Gromperen, Tiramisu als Dessert fir Erwuessener. Burger mat Fritten a Glace fir Kanner.
D’Participatioun w.e.gl. bis den 22. Abrëll 2026 op de Gemengekont LU21 0090 0000 3000 4634 (Raiffeisen) mam Vermierk „Parc animalier“ iwwerweisen. Den Alter vun de Kanner uginn.
Umeldung bis den 21. Abrëll 2026.
All weider Informatiounen um ugespéngelte Flyer.
Adresse
Rhodes
Parc animalierRhodes
France
Les dates de l'activité
26.04.2026 (début 07:30)
Organisateur
COMMISSION DE LA FAMILLE ET DU TROISIEME ÂGE
Frais d'inscriptions
Prix Enfants
25,00 EUR
Prix Adultes
35,00 EUR
Retour vers les manifestations
Français
English